50 Joer Jongbléiser

Dëst Joer steet de 50. Gebuertsdag vun de Schëtter Jongbléiser a vun der Schëtter UGDA-Museksschoul am Kalenner.

Dëse Gebuertsdag feiere mir den Samschdeg, 16. Mäerz 2019 ëm 19.00 Auer am Centre Culturel an der Dällt, 185, rue Principale zu 5366 Mënsbech.

Um Programm steet e Concert vun de Jongbléiser vun 2019 ënnert der Direktioun vum Romain Kerschen an dëst deelweis mat der Participatioun vu Solfège- a Gesanksschüler aus eiser Museksschoul. En Orchester aus fréieren Jongbléiser spillt ënner der Direktioun vum Jean-Luc Blasius (Fréier Dirigent vun de Jongbléiser). Duerno gëtt de Gebuertsdagskuch opgeschnidden.An enger flotter Fotosausttellung gi Biller an Erënnerungen iwwer 50 Joer Schëtter Jongbléiser gewisen.

Mir invitéieren heimat all fréier Jongbléiser, Musikantinnen, Musikanten an all Frënn vun de Schëtter Jongbléiser a Schëtter Musek op dësen Owend. Et ass bestëmmt eng wonnerbar Geleeënheet fir sech erëmzegesinn, ze feieren an al Anekdoten auszetauschen.
Dir kënnt och gären am Orchester vun de fréieren Jongbléiser matspillen. Fir déi 2 Stécker sinn 2 Prouwe geplangt. Kommt laanscht…
Mir wiere frou wann dir derbäi wiert. Wann dir nach fréier Membere kennt, kënnt dir dëse Message gäre weiderginn.
Et hëlleft eis, wann dir iech umellt, da kënne mir iech nach e Programm schécken (spontan geet natierlech och). Maacht dat iwwer Schettermusek@gmail.com oder beim President vun der Schëtter Musek, demJean-Paul Schaul (jpschaul@pt.lu an 691 529 294)
Jean-Paul Schaul
President vun der Schëtter Musek

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *