Jongbléiser

1964 réorganiséiert de Joste Freed d’Solfègecouren erëm an e bréngt et fäerdeg 11 Bouwen tëscht 10 an 13 Joer fir d’Saach ze begeeschteren, dat Joer drop waren et der 13 déi Nouten wollte léieren.

De 6. Januar 1968 gouf den Här Lucien Strauss mat der Direktioun vun der Musek, an zu gläicher Zäit mat de Solfègecoure betraut.
A wann och 1967 nach nëmmen zwee Meedercher sech gemellt haten, sou waren et der 1968 ëmmerhin schonns zéng, an domat war d’Basis fir eng Jugendmusek geschaf.

Den 1. Januar 1969 waren 48 effektif Memberen am Veräin agedroen, dovun der 21 mat manner wéi 18 Joer, derbäi koumen dann nach 21 nei agedroe Schüler, e kompletten Effektif vun 69 also.

An der “Assemblée Générale” vum 11. Januar 1969 huet den Dirigent Lucien Strauss gefrot, fir d’Jugendmusek definitiv unzeerkennen, eng Iddi déi ouni weideres eestëmmeg ugeholl gouf, an den 1. Mäerz schonns 37 Jongen a Meedercher ugetratt, fir eng éicht offiziel Prouf vun de “Schëtter Jongbléiser“.
Um Virowend vum Mammendag hat déi jonk Trupp hieren 1. eegene Concert an deem bis op déi lescht Plaz gefëllte Sall Schmit op der Kiercheplaz.