D’Schëtter Musek ass en Harmonie-Orchester mat iwwer 50 Musikanten an Musikantinen ënner der Leedung vum Här Leroy Vandivinit, deen säit deser Saison (2021-2022) de Rudi de Bouw ersetzt.
Fir déi Jonk Museksfrënn hunn mir eng Jugendmusek déi den Moment iwwer 20 Leit befaasst an vum Här Romain Kerschen dirigéiert gëtt.
Fir déi Plazen wou mir ze grouss sinn gëtt et d’Strëpp. Mat 15 bis 20 Leit spillt si op Duerffester an Veranstaltungen an suergt domat ëmmer neess fir gutt Laun an Stëmmung.
Spillt Dir een Instrument?
Hudd Dir Loscht zesummen mat aneren Museksbegeeschterten ze musizéieren? Bei eis ass jiddereen Wëllkomm.
Dofir kommt roueg lanscht an spillt mat eis.
An eisem Kalenner fannt Dir eis Aktivitéiten an Prouwen. Fir weider Informatiounen oder wann Dir Froen hudd kënnt Dir eis roueg uschreiwen oder Iech bei engem vun eisen Comités Memberen mellen.
(Kontakt-Formular)
D’Prouwen vun der Harmonie sinn all Donneschten vun 20:00 bis 21:30 Auer,
déi vun den Jongbléiser Freides vun 17:30 bis 18:30 Auer. (Ausser an den Schoulvakanzen)