Quetschefest 2018

Léif Awunner vun der Gemeng Schëtter, Frënn vun der Schëtter Musek,
Et ass dëst Joer scho fir d’ 44. Kéier, datt d‘Schëtter Musek op hiert traditionellt Quetschefest invitéiert. Wärend 10 Deeg gëtt vu moies bis owes Quetschekraut gekacht – am ganze gi ronn 4500 kg Quetsche verschafft.
Dir sidd häerzlech invitéiert, bei eis laanscht ze kommen an déi aus frëschen, zeidege Quetsche gekachte Spezialitéit ze kafen. Mir verkafen d’ Quetschekraut am Amaachglas mat Deckel (1 Liter) oder am klenge Glas (440ml). Äert Gebeess hält sech op déi Manéier wärend Méint.
Verkaaft gëtt all Dag tëschent dem 26. August an dem 2. September 2018 vu 7h00 bis 19h00 Auer an eisem Museksbau zu Schëtter (115, rue Principale). De 26. August gëtt et Béier vum Faass oder soss eppes géint den Duuscht, kommt a feiert mat eis!
Dir kënnt och gären den 7. an 8. September op eise Stand an d‘Belle Etoile op Bartreng laanschtkommen. Do verkafe mir eist Quetschekraut, grad sou wéi Taarten, Bauerebrout a Quetschendrëpp.

Wann Dir nach Froen hutt, schéckt eis en Email op schettermusek@gmail.com oder rufft un um 691 529 294.
Mir freeën eis iwwert Äre léiwe Besuch.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *